Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

20.6.2016 Kee Plang!

(comments: 0)

20.6.2016 Kee Plang!

D'Regierung setzt op en massiven Wuesstem vun iwwer 10.000 Awunner méi pro Joer an iwwer 1 Millioun Awunner am Joer 2050.

Den CNFP "Conseil national des finances publiques" hannerfreet elo d'Politik vun der Regierung.

D'Tageblatt schreift: Und in diesem Zusammenhang vermisst der CNFP weiterhin eine"integrierte Diskussion auf allen Ebenen, für wie realistisch man diese Zahl eigentlich halte, ob man sie bewusst anstrebe und ob Luxemburg dem gewachsen sei."

Mir sinn fir en nohaltegen kontrolléierten Wuesstem bis 2050.

Folgendes misst elo gemaach ginn:

1. De Wuesstem baséierend op en staarkt Zouhuelen vun der Immigratioun an de Grenzgänger thematiséieren. Wéi soll d’Integratioun fonctionnéieren?

2. D'Konsequenzen vum Wuesstem op eis Liewensqualitéit diskutéieren (z.B. Wunnengsnout, Verkéierschaos, Ëmweltproblemer, a Verbauung).

3. Käschten vu neier Infrastruktur fir de Staat thematiséieren (z.B. nei Autobunnen, Schoulen, Staatsbeamten, Waasserversuergung an Spideeler).

4. D'Ofhängegkeet vun eisen Sozialsystemer zu engem staarken Wuesstem thematiséieren.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/922816.html

Read more …

17.6.2016 Méisproocheg oder just Franséisch? An wat ass mam Lëtzebuergeschen?

(comments: 0)

Den LCGB an d'CLAE insistéieren gläichzäiteg op d'Dräisproochegkeet AN op d'Franséischt als d'Ëmgangssprooch an der Aarbechtswelt.... Wéi ass deen Widdersproch ze verstoen?

Op der Internetsäit vum LCGB steet:
"Les deux interlocuteurs (LCGB & CLAE) insistent sur l’importance du trilinguisme au Luxembourg et du français comme langue véhiculaire sur le marché du travail."

Weider gesinn si eng Gefor, dass d'Lëtzebuerger Sprooch en "facteur d’exclusion" kéint duerstellen....

Mir froen si: Kann et net och sinn dass Franséisch en "facteur d’exclusion" ass hei zu Lëtzebuerg? 90% vun den Awunner hunn Franséisch net als Mammesprooch an déi meescht Immigranten kënnen keen Franséisch wann se kommen.

Cui bono?

Read more …

7.6.2016 1 Joer nom Referendum

(comments: 0)

Haut virun engem Joer huet Lëtzebuerg kloer Nee gesot zum Auslännerwahlrecht trotz massiver Campagne vum Jo.

D’Lëtzebuerger hunn sech net aschüchteren gelooss vun der massiver a coordinéierter Jo-Campagne vun der Regierung, vum groussen Patronat, vun de Spëtzten vun de Gewerkschaften, vun Deeler vun de Medien, vun der Kierch, vun selwerernannten Eliten vun der Jo-Campagne an vun Gruppen vun Konschtschafenden.

Mir vum Nee2015 haten de Courage dem Nee eng staark a kloer Stëmm ze ginn an domat hu mir dat gesot, wat eng kloer Majoritéit vun de Lëtzebuerger denkt! Leit aus allen Deeler vun der Gesellschaft hunn eis ënnerstëtzt an eis Merci gesot, well si net an d’Ëffentlechkeet wollten goen mat hirer Meenung.

Et war en groussen Moment fir déi Lëtzebuerger Demokratie, wou d’Wieler gewisen hunn, dass si onofhängeg an couragéiert hier Meenung ausdrécken matt hirer Stëmm.

Politik muss matt de Leit gemaach ginn. Et soll hinnen nogelauschtert ginn a net iwwer d’Leit ewech decidéiert ginn.

Mir sinn déi politesch Mëtt an net déi, déi eis de Jo als politesch Mett verkafen wollten!

Read more …

28.5.2016 Alphabetiséierung op Franséisch NET méi aktuell.

(comments: 0)

Mir begréissen des Entscheedung!

D’Alphabetiséierung op Franséisch géif dozou féieren, dass d'Kanner am 1. Schouljoer getrennt géifen ginn. Dat wier fir dat sozialt Zesummeliewe falsch, well et zu Parallelgesellschaften géif féieren, wou déi vill Awunner dann niefteneen anstatt mateneen géifen liewen.

Mir sinn fir d'Inclusioun, Integratioun an Chancëgerechtegkeet an dofir soen mir:
- De lëtzebuergeschen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
- Den auslänneschen Matbierger solle mer éierlech soen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.

Fir d’Integratioun a géint Parallelgesellschaften an sozial Ausgrenzung!

(Am Wort vum Samschden steet dass de Claude Meisch keng fakultativ franséisch Alphabetiséierung méi wëll. Dat wier zwar fréier vun der DP an d'Spill bruecht ginn, mee géif net méi an d'Konzept passen.)

Read more …